Gleef net alles wat s de denks!
Wann s de esou dorëmmer trëppels, oder ënnerwee bass… an e Gespréich mat der selwer féiers… kucken d’Leit dech vläicht haiansdo komësch?
Stell der mol vir, et géing een dobaussen all déi Stëmmen héieren, déi de ganzen Dag wéi en DJ an dengem Kapp op an of lafen..?
Du häs warscheinlech keen Job méi. Keng Clientë méi, fir deen nächste Yogacours, deng Famill géing der de Réck dréinen, keng Kolleege méi..
Dat witzegst un der Situatioun ass, dass jiddereen, deen der op der Stross entgéint kënnt, mat sech selwer schwätzt. De ganzen Dag. Just net a Form vun ausgeschwate Wieder. Et héiert keen.
D’Gespréich ass an dengem Kapp an du nenns et ”Denken”.
Am Kino vun eiser Ratio, ”Headfuck FM”, wéi ech e gären nennen, schafe mer eis eege Realitéit a klammen och an déi deementspriechend Roll an eisem Liewensdrama. Heiansdo e richtege Blockbuster!
Dat kann een sech och virstelle, wéi eng Art Struktur, e Gerüst, fir eist Bewosstsinn.
Neurowëssenschaftler beschreiwen dat mam Begrëff ”Neuroplastizitéit”, also d’Eegenschaft vun eisem Gehier, eng synapsesch Verknäppung ze maachen, déi automatesch eis Siicht- an Denkweis bestëmmt.
An dat ass eppes ganz Geniales!
Mir hunn nämlech d’Méiglechkeet fir eist Denke bewosst ze steieren, andeems mer einfach nei neuronal Bunne bauen, déi dann och eis Erfarunge veränneren. Dat kanns de der e bëssen esou virstelle, wéi kleng Trampelweeër, déi s de méchs, wanns de duerch d’Wiss hin an hier gees, déi och mol méi grouss oder méi kleng kënne ginn, je no deem, wéi dacks dass de de Wee getrëppelt bass, oder ”agetriichtert” krus. Haiansdo entwéckelen se sech esouguer zu véierspuregen Autobunnen.
Mir kënnen eis eege Realitéit entweder ganz staark gestalten, oder passiv op Autopilot virulaafe loossen an d’Programméierung vun eiser eegener Geschicht, oder och vun externen Authoritéite liewen.
Wa mer onbewosst op Autopilot lafen, dann erliewe mer eis Experienzen nëmme punktuell, well mer se op eng Manéier interpretéieren, déi mat eise Glaawenssäz, Ängscht, Dreem an Hoffnungen iwwertenee stëmmt. Wat s de net kenns oder erlieft hues, gesäis de nämlech einfach net. Do ass kee Wee getrëppelt ginn, de Wuess ass nach frësch. Wa mer awer op deem Autopilot laafen, där Bunn, déi mer gutt kennen an dacks fueren, ass et bal onméiglech, dass eng aner Perspektive/Meenung eis erreecht.
Eis Ausdrocksform a Verhalensweis, ginn dann tatsächlech zu Prophezeiungen, déi sech selwer erfëllen. Nei Erfarungen trëppelen dee Wee nach méi breet, op deem mer ëmmer schonn ënnerwee sinn. Wa mer eisem Liewen net bewosst begéinen, confirméieren a verstäerken déi Erfahrungen op en Neits déi Iwwerzeegungen, déi souwisou schonn do sinn a mir gesinn, ausser schwarz oder wäiss / gutt oder béis, déi Abberzuel u Faarwen a Grotéin dertëscht guer net.
Wann also eis Wahrnehmung, net nëmmen déi vun eis selwer, ma och vun anere ronderëm mat wéineg, respektiv guer kengem Bewosstsinn geschitt an och net op der Intentioun läit, fir méi Gesondheet a Wuelbefannen ze schafen, leet sech, duerch den automatesche Recyclage vun Astellungen, Urtdeeler, Illusiounen, Wahnvirstellungen, Erënnerungen a Strukturen, e Schleier iwwert eis Vue a mir sinn onfäeg z’erkenne, wat direkt virun eiser Nues steet. Den Elefant am Raum?
Deen Autopilot ass duerchaus och haiansdo gutt, bei gesonde Gewunnechten, fir gutt no eis ze kucken, mee e kann eis awer a Schwieregkeete bréngen, wa mer nees e Film am Kapp dréinen an eis esou an deem verléieren, dass mer em ausgeliwwert a vun em gesteiert ginn.
Ech invitéieren dech, am Géigesaz zum Autopilot, mol einfach elo hei an de Moment ze kommen. Fänk un a verschiddene Situatiounen deng Gedanken ze beobachten. Ouni se ze jujéieren oder ze versichen se z’änneren. Da ka ganz lëschteg ginn an en Heedespass maachen.
Geff dengen Iwwerzeegungen, Ängscht, Hoffnungen an Dreem eng nei Basis a Form vun engem neien Input.
Et ka sinn dass deen Aktualiséierungsprozess nei Gedanken a Gefiller opkomme léisst, déi dann och zu neie Verhalensweisen a Méiglechkeete féiere kéinnten, fir eppes an dengem Liewen ze veränneren oder nei ze gestalten. Mir hunn d’Méiglechkeet, eis Gedanken a Gefiller duerch eise Wëlle bewosst ze steieren an esou och méi vun deem unzelackele, wat mer wierklech am Liewe wëllen.
En alt chinesescht Spréchwuert hat dat scho gutt erfaast:
Planz e Gedanken a recoltéier eng Dot.
Planz eng Dot a recoltéier eng Gewunnecht.
Planz eng Gewunnecht a recoltéier e Charakter
Planz e Charakter a recoltéier e Schicksal.
Dat gëllt, mengen ech, net nëmme fir Eenzelpersoune, ma och fir Gruppen a Gesellschaften am Allgemengen. Gedanken un deenen ee festhält, ginn als selbstverständlech ugeholl. Well et esou ass a mer et ëmmer schonn esou gemaach hunn? A well déi Gedanken eis esou vertraut sinn, ginn se dacks fälschlecherweis als Wouerecht opgeholl. Si verwandelen sech a Bausteng, fir eng Perspektive, déi wéi e Fliiger komplett ouni Pilot duerch den Himmel jauwt an déi och eis zukünfteg Denkweis markéiert.
Wann een awer wierklech bewosst an de Prozess vun der Liewensgestaltung antrieden- a Weeër quasi nei uleeë well, mécht ee sech fräi vun deem ganze Bagage. Authentesch, mat engem Gefill vu perséinlecher Responsabilitéit fir déi eege Gedankegäng an Entwécklungen.
Wann s de am Ablack present bass, da bass de authentesch a kanns nei Erfarunge maachen, se integréieren an du bass op fir Verännerung oder Upassung wann et néideg ass.
Deng Experienze kommen nees an de Flow a gi lieweg, amplaz just ëmmer nees déi selwecht Widderhuelungen aus der Vergaangenheet. Esouguer déi déifsten a wäertvoll Iwwerzeegunge bestëmmen dann net méi, wien s de bass. Du kanns lassloossen an ufänken däin eegent Liewen ze liewen.
Vläicht ass et néideg, och de Besoin lasszeloosse, mat enger gewëssener Perspektiv musse "richteg” ze leien, an sech ze trauen an dee Floss vun der Onsécherheet ze klammen.
Gleef net alles wat s de denks!
copyright: Michèle Schons - © heartbreathing 2021