LIVE WORKSHOP

Samschdeg de 16. Dezember 

vu 14:00 bis 18:00 zu Steesel

 
Stell der mol vir, d’Leit dobaussen héiere wat däi Kapp denkt…?

Du häss warscheinlech keen Job méi, keng Kliente fir de Yogacours… keng Frënn méi…

Meeschtens liewe mer konstant an eisem Kapp, denken, iwwerleeën, plangen a si komplett am Gebabbels vun eisem Verstand absorbéiert. Mir sinn esou dru gewinnt, eis där onendlecher Schläif u Suergen, Strategien, Kontroll an esouguer Katastrofen z’ënnerwerfen, dass mer déi wichteg Messagen an Informatiounen, déi eise Kierper eis schéckt, iwwerhaapt net matkréien.

Mat Otemübungen a flotte Spiller, léiers de Techniken, fir méi op däi Kierper ze lauschteren, déi iwwerlaaschte Phantasie an de Geescht ze berouegen, fir dono mat Liichtegkeet an däi kreativt Potenzial ze klammen. 

Komm bei eis. Du wäerts Spass hunn, kënns mat anere ganz léiwe Leit a Verbindung, du kriss d’Patricia an d’Michèle, déi sech selwer virun dengen Aen op d’Schëpp huelen an dech encouragéieren, dee ganze Blödsinn falen ze lossen an einfach Mënsch ze sinn. 

D’Plaze si limitéiert, mell dech séier un 


Präis:  70€